Sie sind hier
Nationalfeierdag 2017
22/06/2017

Wéi all Joer war eis Sektioun och 2017 op de Feierlechkeeten zu Nationalfeierdag präsent.
Nodeems an der Gemeng d'Ausstellung vum Marc Schoengten zur Dynastie Nassau-Weilburg opgemaach gouf, huet an der Schuller Kierch e feierlechen Te Deum stattfonnt.
Duerno si mir zesumme mat de Veräiner a Bierger aus der Gemeng am Cortège duerch Schuller gezunn an hunn dunn am Park hannert der Gemeng den Owend ausklénge gelooss.