Sie sind hier

Dippecher Demokrat Mäerz 2022

News

Léif Matbiergerinnen, léif Matbierger,

Vun de Joren 2020 an 2021 behale mär virun allem sécherlech d’Pandemie, déi eisen Alldag bestëmmt huet, als schlecht Erënnerung an eisem Gediechtnes zeréck. Covid-19 huet eis viru riseg Erausfuerderunge gestallt. Eis Gedanken an eist Matgefill ginn duerfir virop un all déi, déi ënnert deem schreckleche Virus gelidden hunn, an un déi, déi ee Léifste verluer hunn. Wa mär virun e puer Wochen nach hoffe konnten, dass dëst Joer 2022 fir eis all méi positiv kéint ginn, an dass eist Liewen nees méi normal funktionéiere kéint, sou sinn duerch dee mënscheveruechtenden Iwwerfall vum Putin sengem Russland op d’Ukrain vill vun eisen Hoffnungen op ee bessert Joer dohigeschmolt. Trotz eise grousse Suergen an Ängschte virun engem grausame Krich mat all senge Konsequenzen, wënsche mär eis an Iech, dass mär all eis mat vill Courage an Iwwerzeegung fir de Fridden an d’Fräiheet fir all Mënsch asetzen an all Moossnamen, déi geholl ginn, fir de Krichsdreiwer Putin ze stoppen, ënnerstëtzen. „De Fridden an d’Fräiheet hun hire Präis“, sot eise Staatsminister Xavier Bettel. Et lount sech, sech fir Fridden a Fräiheet anzesetzen, och wann dat eis Affer kascht!

Fir d’Gemeng huet et an de leschten zwee Joren ë.a. geheescht, eis intern trotz Pandemie esou opzestellen, dass de Service um Bierger beschtméiglech konnt geleescht ginn. Konkret war dat:

  • Maskeverdeelung,
  • Ubidde vun engem Akafservice fir vulnerabel Matbierger,
  • Aféierung vun engem Telefonsservice fir eis eeler Matbierger,
  • fir dës virun der Vereinsamung ze schützen,
  • Ubidde vun engem gratis Impfbus,
  • Eng verstäerkt Ënnerstëtzung vun eise lokale Betriber,
  • Ubidde vu gratis Schnelltester asw...

Nieft dem leider nach ëmmer omnipresente Virus, huet vill ze vill Reen am Summer och an eiser Gemeng fir Iwwerschwemmunge gesuergt. D‘Peegele vun eise Baachen hu Rekordniveauen erreecht.

Als Fazit vun dësen Naturkatastrophen hale mär zeréck, dass all eis Efforten a Richtung Renaturéierung vun der Tajel an der Mess, d’Schafe vun Iwwerschwemmungszonen am Tajel- an am Messdall an d’Upasse vun eisen Ofwaasserkanäl och weiderhi konsequent mussen ëmgesat ginn. D’Weiderféierung vun dësen Aarbechten ass méi wéi néideg an dofir stinn dës Moossname weiderhi ganz uewen op eiser Prioritéitelëscht.

E grousse Merci geet un eise CGDIS, eist Gemengepersonal an u jiddereen, dee sech solidaresch mat den Iwwerschwemmungsaffer gewisen huet.

Lucien Thill
Sektiounspresident

AnhangGröße
PDF icon 2022_Dippecher_Demokrat_LU_FR.pdf3.36 MB