Sie sind hier

Eise Wahlprogramm

Eis Kleng si fir eis keng Klengegkeet

  • Bildung
  • Kannerbetreiung
  • Famil
  • Jugend
  • Alter
Details

Eng Bëschcrèche fir eis Kanner

Mir maachen eis staark fir eng Bëschcrèche an eiser Gemeng.

Fir d’Kanner wëlle mir:

  • e Kanner-Veräinsbus aféieren: Zesumme mat de Veräiner wëlle mir e Bus aféiere, fir d’Schüler vun der Schoul resp. der Maison-Relais bei d’Veräiner (an zeréck) ze féieren. Ausserdeem sollen d’Veräiner déi dëse Service ubidden, heifir belount ginn,
  • de Kannermusekscours („Eveil à la Musique“) an der Schoul ofhalen,
  • Nohëllefsstonnen um Schoulcampus ubidden, dëst nom Motto „Schüler hëllefe Schüler“,
  • e neien Iwwerdaach fir de Schoulcampus virgesin,
  • de Schülergemengerot aktiv ënnerstëtzen,
  • e „séchere Schoulwee“ fir d’Kanner, ob zu Fouss oder um Vëlo schafen.

Fir déi Jonk wëlle mir:

  • Wunnraum besonnesch fir Jonker schafen (méi dozou à Zesumme wunnen an engem Haus. Zesumme liewen an enger Gemeng),
  • e Vëlos- a Skate-Park souwéi altersgerecht Outdoorsfitnessgeräter um Schoulcampus amenagéieren,
  • den Ausbau vun den Eventbusser, fir e sécheren Heemwee ëmsetzen,
  • e Jugendgemengerot schafen,
  • Babysittercoursen organiséieren.

Zesumme wunnen an engem Haus. Zesumme liewen an eiser Gemeng.

  • Liewen
  • Wunnen
  • Schaffen
  • Fräizäit
  • Veräiner
  • Sport
  • Kultur
  • Integratioun
Details

Wunnraum fir Jonker aus der Gemeng schafen

Um Site vum fréieren « Bettenger Pompjeesbau » wëlle mir Wunnraum fir Jonker schafen – mat Prioritéit fir d’Awunner aus eiser Gemeng.

Allgemeng wäerte mir alternativ Wunnformen (z.B. Wunngemeinschaften) erméiglechen an ënnerstëtzen.

Bei all Bebauungsprojet (PAP) mat iwwer 5 -Unitéite kréien eis Awunner e Virkafsrecht.

An eiser Gemeng wëllen al ginn

Mir wäerte Wunnméiglechkeete fir eis Bierger „55+“ um Site vun der „Hal Tajel“ schafen – mat Prioritéit fir d’Awunner aus eiser Gemeng. Hei soll och e Gemeinschaftsraum a Liesraum fir all d’Leit aus der Gemeng integréiert ginn.

Sech méi begéinen:

De Kär vu Schuller méi liewenswäert maachen

Well d’Propriétaire vun de Gebaier ronderëm de Park, an deenen aktuell 2 Restauranten (Michelangelo a Peroquet) sinn, wiesselen/gewiesselt hunn, wäerten deemno hei nei Gebailechkeeten entstoen. Domat bitt sech déi eemoleg Geleeënheet de Kär vu Schuller nei ze gestalten.

Dofir wëlle mir zesumme mat de Bierger a Veräiner e Gesamtprojet fir de Schuller Park, d’„Hal Tajel“ an den ugrenzende Restaurant’en ausschaffen.

Nieft dem Wunnprojet fir eis eeler Matbierger, denke mir haaptsächlech u Folgendes:

De Park soll duerch Sportgeräter (Fitnessgeräter a Goaler), Waasserspiller/en oppent Gewässer, e Kiosk, eng Zeltplatz an een oder zwee Restaurant’e mat Terrass zum Park hin méi lieweg ginn.

Ënnert der „N5“ (Nationalstrooss Käerjeng-Lëtzebuerg) wäerte mir eng Ënnerféierung fir Foussgänger a Vëlosfuerer bauen, déi den Zentrum vu Schuller (Park) mat Sprénkeng verbënnt. De Park géing deemno bis bei de Sprénkenger Bur verlängert ginn.

Déi nei Gebailechkeete ronderëm de Park sollen e.a. en einfachen Accès vun der „N5 „ resp. der „rue de l’église“ an de Park garantéieren an tëscht dem Park an der „Hal Tajel“ soll en „Shared Space“ entstoen, dat heescht eng Plaz, wou Fouss-, Vëlos- an Autosverkéier openee Récksiicht huelen. Domat wëlle mir d’Liewensqualitéit däitlech verbesseren.

De Centre Culturel nei amenagéieren an den Dippecher Kär nei gestalten

Kierzlech huet d’Gemeng d’Haus hannert an och dat virum Dippecher Centre Culturel kaf. Dëst gëtt eis d’Méiglechkeet de Kär vun Dippech kuerzfristeg ganz nei ze gestalten an domat Dippech méi liewenswäert ze maachen.

Mir wëllen zesumme mat de Bierger an de Veräiner e Gesamtprojet fir dee ganze Site ausschaffen.

Mir denken hei haaptsächlech un e Reamenagement vum Centre Culturel, e Bausse-Lift, e Café (nom Modell wéi beim Bettenger Centre Culturel) an d’Schafe vun zousätzleche Parkplazen.  Mir wëllen hei awer och e Shared Space schafen an eng Plaz, wou een sech begéine kann.

Eise ländleche Charakter erhalen

Mir wëllen eis Dierfer verschéineren, méi moderat wuessen, e Gemeinschaftsgaart schafen an eis lokal Liewensmëttelproduzenten a lokal Betriber aktiv ënnerstëtzen.

Mir wëlle méi moderat wuessen

D’Gemeng ass landespolitesch als sougenannte „Gréng Long“ agestuuft, a soll deemno net ze staark wuessen. Mir begréissen dat a wäerte keng nei Terrain’en an de Bauperimeter eranhuelen, ausser fir:

  • Konkret Projeten fir d’Schafe vun erschwénglechem Wunnraum mat Prioritéit fir eis Awunner,
  • Terrainen mat Baulandverträg, wou just Terrainen an de Bauperimeter kommen, déi och innerhalb vun enger bestëmmter Frist (z.B. 6 Joer) bebaut musse ginn.

Mir wëllen eis Dierfer verschéineren. Dofir wëlle mir:

  • Plazen, wou een sech begéint, an deenen eenzelen Uertschaften ariichte, respektiv méi attraktiv gestalten,
  • „Duerfverschéinerungsgruppen“ an d’Liewe ruffen, wourun jidderee sech bedeelege kann. Ziel ass et, eis Stroossen an ëffentlech Plaze méi flott ze gestalten,
  • an den ëffentleche Gréngfläche méi Blummewisen a méi saisonal Blummen uplanzen,
  • ëffentlech Gréngflächen (Stroosseninselen) un interesséiert Bierger verlounen,
  • d’Konzept vum „Village Fleuri“ ausbauen,
  • laanscht d’Eisebunnsschinne Planzen setzen,
  • d’Propretéit op de Spillplazen a laanscht d’Stroosse verbesseren an d’Schoulkanner fir eng propper Ëmwelt sensibiliséieren.

Mir wëllen e Gemeinschaftsgaart schafen

D’Gemeng stellt interesséierte Bierger e Grondstéck fir e Gemeinschaftsgaart zur Verfügung fir den Ubau vu regionalem Uebst a Geméis.

Mir wëlle lokal Liewensmëttelproduzenten a lokal Betriber ënnerstëtzen

Dofir wëlle mir zesumme préiwe fir e saisonale Maart an/oder eng gemeinsam Verkafsfläch ze schafen. Eng  Informatiounsbroschür soll eise Bierger en Iwwerbléck iwwer déi lokal Produzenten an hir Produite ginn.

Mir wëlle kleng Commercen a Start-Up’en an eiser Gemeng ënnerstëtzen.

Méi sportlech, duerch:

  • e Vëlo- a Skate-Park souwéi altersgerecht Outdoorfitnessgeräter um Schoulcampus (déi zäitlech begrenzt accessibel sinn),
  • d’Moderniséierung vun der Sportshal (e.a. fir e bessert Raumklima),
  • Outdoorfitnessgeräter op verschiddene Plazen installéieren (z.B Fitnesspark),
  • d’Ubidde vun Danzcoursen,
  • den Ausbau vun de Sportscoursen (z.B : Yoga),
  • d’Ënnerstëtzung vun eise Sportsveräiner.

Dat kulturellt Liewen ënnerstëtzen duerch:

  • d’Schafe vun engem zentralen Dépôt fir d’Material vun eise Veräiner,
  • d’Moderniséierung vum Bettenger Centre Culturel (nei Tounanlag, eng Klimaanlag a baussen e Sonneschutz). Mir wëllen iwwerdeems préiwen fir de Centre Culturel ze erweideren an d’Kichenemplacement ze verbesseren,
  • d’Neigestaltung vum Dippecher Centre Culturel,
  • d’Ubidde vu Kachcoursen,
  • d’Ubidde vu Busnavette fir op héichwäerteg auswäerteg Manifestatiounen ze fueren,
  • d’Ënnerstëtzung vum Veräinsliewen.

Sproochecoursen ausbauen

Mir wäerte weiderhi Sproochecoursen organiséieren, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

D’Gemeng Dippech kann alles erreechen. Zu Fouss, mam Bus, mam Zuch, mam Vëlo a mam Auto.

  • Allgemeng Mobilitéit
  • Verkéierssécherheet
  • Douce Mobilitéit
  • Parksituatioun
Details

Manner Trafic an eisen Uertschaften

Mir wäerten en allgemengt Verkéierskonzept fir eis Gemeng ausschaffe loossen. Heifir wäerte mir d’Awunner aus deene verschiddene Stroosse mat abannen.

Ziel vum Verkéierskonzept ass et e.a. och op Staatsstroosse Vitesslimitatiounen ze kréien, „Shared Space“ an eisen Duerfzentre virzegesinn, de „séchere Schoulwee“ fir d’Kanner, ob zu Fouss oder um Vëlo, schafen an de Projet fir „eis Dierfer iwwer Spadséier- a Vëlosweeër mateneen ze vernetzen“ weiderféieren.

Derniewent wëlle mir:

  • eng Léisung fir de Problem vun den Dauerparker sichen,
  • eng méi behënnertegerecht Gemeng ginn,
  • eng Ënnerféierung ënnert der „ N5“ vu Sprénkeng an den Zentrum vu Schuller (Park) bauen,
  • e gesécherten Iwwergang op der „N5“, vun der Rue Jean-Urbany bei d’Rue Nicolas Calmes hirstellen,
  • zesumme mam zoustännege Ministère eng Busspur am Dippecher-Bierg aféieren,
  • d’Rout Luuchten op der N5 als „Gring Well“ schalten, dat heescht wann een sech un eng gewësse Vitesse hält, huet een duerchgoend gréng a muss net bei all Luucht stoe bleiwen,
  • de Bau vu Luetstatioune fir Elektroautoen ënnerstëtzen,
  • eis Foussgängeriwwergäng besser ausliichten.

Réckbau vun der 3-Kantons-Strooss

D’Ëmgéiungsstrooss vun der Dippecher-Gare soll 2021 fäerdeg sinn. Mir bleiwen um Ball, dass de Bau vun der Ëmgéiungsstrooss schnellstméiglech lass geet.

Mir wäerten dann d’3-Kantons-Strooss zréckbauen, se mat an d’Zone 30 integréieren an e Spadséier-/Vëloswee amenagéieren. Doderniewt wëlle mir dës Strooss verschéineren, andeems mir se begringen.

Ëmgehungsstrooss Schuller-Dippech: Elo!

Mir wäerten eis weiderhi staark maachen, fir dass de Projet schnellstméiglech virugedriwwe gëtt. Doderniewt préiwe mir fir Schuller (aus Richtung Käerjeng) en Opfangparking z’installéieren, deen un den ëffentlechen Transport ugebonnen ass.

E besseren ëffentlechen Transport, duerch:

  • den Ausbau vum Parking op der Dippecher Gare,
  • eng besser Ubannung un Esch,
  • d’Schafe vu Sëtzgeleeënheete bei alle Bushaltestellen,
  • d’Ersetze vun der Iwwerhuelspur am Dippecher-Bierg duerch eng Busspuer,
  • den Ausbau vun der Offer vun eisen Eventbusser,
  • d’Ubidde vun enger gratis Busnavette fir op gréisser kulturell a sportlech Evenementer ze kommen,
  • d’Asetze fir d’Erhale vun der Buslinn 333.

Sëcher mam Velo an zu Fouss ennerwee

Weiderféierung vun de Projet’en „eis Dierfer iwwer Spadséier- a Vëlosweeër matenee verbannen“ an „de séchere Schoulwee“.

Mir denken hei haaptsächlech drun: 

  • de séchere Schoulwee ze garantéieren,
  • de Spadséier- a Vëloswee vu Betteng op Dippech/Gare ze verlängeren,
  • de Bau vun engem Spadséier- a Vëloswee op der 3-Kantons-Strooss vun Dippech op Betteng ëmzesetzten,
  • d’Baue vun enger Ënnerféierung ënnert der „N5“ (Nationalstrooss Käerjeng-Lëtzebuerg) fir Foussgänger a Vëlosfuerer, déi den Zentrum vu Schuller (Park) mat Sprénkeng verbënnt duerchzeféieren.

Doderniewt wëlle mir:

  • eng Verbindung fir d’Foussgänger vun der „Cité Laangert“ bei d’ „Lëftgensmillen“ schafen,
  • e Verbindungswee zu Schuller tëscht der „rue G-D Charlotte“ an der „rue de Landiras“ amenagéieren,
  • déi feelend Verbindunge mat eisen Nopeschgemengen (Reckeng, Garnech, Bartreng a Mamer) schafen,
  • méi Bänken (mat Dreckskëschten an Hondstuten) laanscht d`Spadséierweeër opstellen,
  • eis Spadséierweeër beschëlderen,
  • eisen Autopedestre méi secher gestalten an eventuell en zousätzleche virgesinn,
  • laanscht eis Spadséier- a Vëlosweeër Panneau’en mat pädagogeschen Elementer virgesinn.

Eis Energie setze mir geziilt an, zum Beispill fir Energie ze spueren.

  • Energieeffizienz
  • Ëmweltfrëndlechkeet
Details

Méi fir eis Ëmwelt, duerch:

  • d’Aspuere vun Energie an den Ausbau un erneierbaren Energien. Mir wëllen als Gemeng méi Stroum produzéiere, wéi mir verbrauchen. Mir sinn net nëmme GÉINT d’Atomenergie mee och FIR erneierbar Energieën,
  • méi Photovoltaiksanlagen op eise Gemengegebaier (z.B op der Maison Relais, der Spillschoul oder der Gemeng),
  • eng finanziell Ënnerstëtzung fir Privatstéit, déi Stroum produzéieren,
  • d’Erstellen vun engem Solar-Kadaster,
  • d’Erstellen vun enger Etude, fir ze préiwen, ob op aner erneierbar Energien zereckgegraff ka gin,
  • d’Aplange vun erneierbaren Energië bei allen ëffentlechen Neibauten,
  • d’Schütze vun eise Baachen, Weieren a Biotopen,
  • eng energetesch Sanéierung vun de Gemengegebaier (z.B. Maison-Relais, Sportshal asw.),
  • d’Ënnerstëtze vu lokale Liewensmëttelproduzenten a lokale Betrieber,
  • Luetstatioune fir Elektroautoen,
  • d’Planze vu Bierebeem. D’Gemeng Dippech ass  nämlech bekannt fir eise gudde Buedem fir Bongerten, a besonnesch fir Bierebeem. Am Kader vum Dag vum Bam kritt all interesséierte Stot e Bierebam geschenkt an d’Gemeng planzt de Neigebuerenen e Bierebam,
  • eng Aktioun, bei däer all Schoulkand e nohaltege Bidon an eng Broutkëscht geschenkt kritt,
  • d’Opstelle vu Cafépads-Sammelstatiounen,
  • e méi heefegt Asammele vu  Gringschnëtt fir déi privat Stéit.

Mir schwätze vill Sproochen, online ass eng dovunner.

  • Déngscht um Bierger
  • Kommunikatioun
  • Transparenz
  • Gesond Gemengefinanzen
Details

D’Bierger besser informéieren a méi bedeelegen, duerch:

  • eng Facebook-Säit vun eiser Gemeng,
  • eng App iwwer déi d’Bierger Suggestiounen a Reklamatiounen erareeche kënnen,
  • eng App fir fir un d’Daten vum „Offallkalenner“ z’erënneren,
  • d’Live-Iwwerdroung vun de Gemengerotssitzungen um Internet,
  • d’Vermaile vun de Gemengepublicatiounen (Gemengebuet, Infoblat, Manifestatiounen), an de Choix  fir all Bierger, op ee per Mail an/oder op Pabeier wëll informéiert ginn,
  • reegelméisseg Spriechstonne mam Schäfferot,
  • méi Biergerversammlunge bei wichtegen Sujeten,
  • en aktive Manifestatiounskalenner,
  • d’Schafe vu „Duerfverschéinerungsgruppen“, wou jidderee ka matschwätzen,
  • d’Reorganisatioun vun de Gemengekommissioune fir e méi performanten Input vu de Bierger ze kréien.

Gesond Gemengefinanzen

Mir wäerten eis weiderhi fir eng gesond a nohalteg Finanzpolitik staark maachen.

Fir e schnellen Internet

Mir wëllen e schnellen Ausbau vum Glasfasernetz, sou dass jiddereen vum schnellen Internet kann profitéieren.

Gift-Box (Bichertoschkiosk)

Mir wäerten e Bichertoschkiosk (Gift-Box) ubidden.

Fir eng Gemeng, an där mir jonk kënne sinn an al wëlle ginn.

  • Sécherheet
  • liewenswäert Gemeng
Details

Eis fräiwëlleg Pompjeeën

Eis fräiwëlleg Pompjeeën sinn onverzichtbar fir eis Gemeng. Mir wäerten si dofir weiderhin ënnerstëtzen an dofir suergen, dass se dat néidegt Material kréien, fir hieren Aufgaben am Déngscht vum Bierger gerecht kënnen ze ginn.

E Police-Gemengereglement fir d’Gemeng Dippech

Mir wäerten e Police-Gemengereglement ausschaffen, an deem kloer dra steet, wat een dierf a wat net (beispillsweis d’Rouzäiten).

Éischt-Hëllef-Coursen ausbauen

Éischt Hëllef rett Liewen! Dofir wäerte mir weiderhin Éischt-Hëllef-Coursen organiséieren.