Sie sind hier

Stéphane Pesch

Economiste
Member vum Téléthon Organisatiounsteam
40 Joer, Dippech-Gare

 

De Stéphane Pesch huet 40 Joer an engagéiert sech säit Januar 2017 an der Demokratescher Partei.

 

Hien huet 40 Joer, ass bestuet an ass Papp vun zwee Kanner. Zesumme mat senger Famill wunnt hien zu Dippech-Gare.

De Stéphane huet eng Maîtrise an der Ekonomie an der Gestion d'Entreprise (Nancy II) a schafft haut als Senior Manager am Beräich Investmentfongen.

A senger Fräizäit spillt hien Tennis, geet säi Bouf beim Handball spille kucken, geet gär op Concerten an an de Kino. Zu senge Passioune gehéiert ausserdeem de Coding (Informatik).

De Stéphane engagéiert sech éierenamtlech fir d'Jugend a Charityprojeten. Esou bedeelegt hien sech ënner Anerem un der Organisatioun vun Evenementer fir den Téléthon an d Banque alimentaire.

 

De Stéphane ass der DP-Sektioun Dippech bäigetrueden, well hie vun der seriéiser Aarbecht an engem positive Bilan vun der Sektioun inspiréiert gouf, fir des an Zukunft ze ënnerstëtzen. Besonnesch um Häerz leien him déi lokal Veräiner an d'Jugend.