Sie sind hier

Natacha Pauly

Psychologin
Benevole Jugendberoderin
26 Joer, Schuller

 

D'Natacha Pauly huet 26 Joer a wunnt zu Schuller.

 

Hatt ass Psychologin a mëscht am Moment eng Weiderbildung zur Psychotherapeutin fir Kanner a Jugendlecher.

An senger Fräizäit reest hatt gär, liest, fiert Vëlo oder ënnerhëlt eppes mat Kollegen.

 

D'Natacha engagéiert sech an der Demokratescher Partei, well hatt net just well nokucken, wéi Politik gemaach gëtt, mee well hatt sech aktiv un der Gestaltung vun der Zukunft vun der Gemeng Dippech well bedeelegen.

 

Säin Engagement weist hatt ënner anerem als Presidentin vun der Jugendkommissioun, eng Funktioun an där hatt an de leschte Joren notamment fir d'Organisatioun vum Bossaballturnéier verantwortlech war.