Sie sind hier

Louis Berckes

De Louis Berckes huet 63 Joer a wunnt zu Sprénkeng.

De pensionéierte Gemengefonctionnaire huet 35 Joer laang als Beruffspompjee an der Stad geschafft.

A senger Fräizäit reest de Louis a mëscht Sport fir fit ze bleiwen an ofzeschalten. Seng Passioun fir de Sport  dreift de Louis och als Member vun der Sportskommissioun un.

De Louis ass Member vun der Demokratescher Partei, well hien et ze einfach fënnt, ze kritiséieren ouni eng Alternativ ze proposéieren. Him läit et um Häerz, selwer eng Hand mat unzepake fir d’ Gemeng no fir ze bréngen a se am Sënn vum Interessi vum Bierger fit fir d’Zukunft ze maachen.