Sie sind hier

Alex Lemmer

De Lex Lemmer huet 69 Joer a wunnt mat senger Fra zu Betteng. Zesummen hu si zwou Duechteren.

 

Dem pensionéierten Bauingenieur seng Passioun ass d’Philatelie. Hien engagéiert sech awer och als Juge-Arbitter am Bouschéissen.

 

Als Grënnungsmember vun der DP-Sektioun Dippech ass de Lex haut Member vun der Bautekommissioun fir sech aktiv fir eng nohalteg Entwécklung vun der Gemengeninfrastruktur anzesetzen. Des misst am Aklang mam Ëmweltschutz agehale gi fir dass d’Gemeng Dippech weiderhin eng attraktiv Gemeng bleift.