Sie sind hier

Bossaball 2017

Den 1. Juli hu mir erëm eng sportlech Ekipp op de Bossaballturnéier geschéckt, den d'Jugendkommissioun all Joer an Zesummenaarbecht mam Jugendhaus aus der Gemeng organiséiert. 

Obwuel den Turnéier wiederbedéngt an d'Schuller Sportshal verluet ginn ass, hate mir vill Spaß.

 

Mee wat ass Bossaball iwwerhaapt?

 

Bossaball ass eng ofgewandelt Form vu Volleyball, bei där bis zu fënnef Spiller pro Ekipp op engem Trampolin stinn an de Ball souwuel mat den Hänn, de Féiss oder mam Kapp op dat géignerescht Feld kenne spillen. Duerch déi wéineg Spillreegelen an de wackelegen Ënnergrond ass Bossaball op alle Fall ëmmer e Risespaß fir Grouss a Kleng!